why vanilla? bitt Iwwersetzunge souwéi d’Korrigéieren a Schreiwe vun Texter un.
Ob Broschüren, Plakater, Newsletteren, Websäiten, Romaner, rechtlech Dokumenter, Bilane vu Sociétéiten, Handbicher, CV oder Kannerbicher – Texter, déi publizéiert ginn (oder och net), sollen tipptopp an dem Zielpublikum ugepasst sinn. Ouni ze vergiessen, datt si sproochlech a kulturell Ënnerscheeder iwwerwanne mussen. Si sollen hiren Zweck erfëllen!
Aus deem Grond si mir méi wéi pingeleg, wann et ëm Terminologie, Grammaire, Rechtschreiwung an Interpunktioun geet. All Projet gëtt nach eng Kéier ganz genee vun engem zweeten Iwwersetzer/Korrekter gepréift, ier en un de Client zeréckgeschéckt gëtt. Nëmme sou ass déi bescht Qualitéit garantéiert!
Fir all dat ëmzesetzen, iwwersetzen eis Linguisten ausschliisslech an hir Mammesprooch. All hu se joerelaang Erfahrung an hire Fachberäicher. why vanilla? vergëtt just Opträg u qualifizéiert Iwwersetzer a Korrekteren, déi mir suergfälteg erausgesicht hunn an deene mir vertrauen. Eise Büro steet fir Qualitéit, Fachkompetenz, Engagement, Flexibilitéit an Diskretioun!
Wat heescht eigentlech dee bossegen Numm why vanilla?
E soll op eng zimlech heefeg, virun allem vun Net-Sproochexperte gestallte Fro uspillen: Ass dee Beruff op
d´Dauer net e bëssi monoton? Op Englesch heescht „vanilla” net nëmme „Vanill”, mä och „onspektakulär, normal, konventionell, banal”. Mam Numm why vanilla? wëlle mir ënnersträichen, dass de Beruff vum Iwwersetzer net fad oder ondankbar ass. Well am Endeffekt ass e meeschtens zimlech spannend an ofwiesslungsräich. Genau wéi d´Themen, mat deenen e sech all Dag auserneesetzt.
Den Iwwersetzerbüro why vanilla? gëtt geleet
vum Danièle Di Cato:
- Iwwersetzerstudium op der Leopold-Franzens-Universitéit zu Innsbruck (Éisterräich)
- Master an Däitsch, Englesch, Franséisch, Italienesch (2002)
- Diplomaarbecht iwwert d'Iwwersetzung vun den Nimm an den Harry-Potter-Bicher
- Doktorat op der Leopold-Franzens-Universitéit (2005)
- Promotioun zum Thema „Filmiwwersetzung a Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg an an Europa“
- Iwwer 10 Joer Erfahrung als Iwwersetzerin fir Firmen
am In- an Ausland - Iwwer 3 Joer Erfahrung als Correctrice fir Däitsch, Franséisch, Lëtzebuergesch an Englesch bei enger Zeitung (2006-2009)
- Vereedegt virun der lëtzebuergescher Cour Supérieure de Justice (säit 2012)
- Aktiv Mathëllef bei der Organisatioun vun der
éischter International Translation Summer School op
der Leopold-Franzens-Universitéit - Verschidden Openthalter am Ausland
- Vizepresidentin a Membre-Fondateur vum lëtzebuergeschen Iwwersetzer- an Dolmetscherverband (ALTI - Association luxembourgeoise des traducteurs et interprètes)
- Member vum Bundesverband der Dolmetscher und Übersetzer e.V. (BDÜ)
- Member vun der Chambre Belge des Traducteurs et Interprètes (CBTI-BKVT)
- Member vun der International Association of Professional Translators and Interpreters (IAPTI)